Logo VdL Banner
Exposition en cours

juin - juillet - août 2011:

EXPO TUNNEL GRUND: FLECK, FLECK, FLECK

Créateurs: les enfants du cycle 1 (précoce) de l'école de Kirchberg, rue Marcel Noppeney, 2009-2010

DSC05859

Am Juni 2010 hu mir eise Flecke-Projet lancéiert.
Schnell hunn d'Kanner sech mat deem dach eppes méi abstrakten Thema identifizéiert, well mat "Flecke maachen" kennt een sech an deem Alter schliisslech aus!

Inspiréiert hu mir eis um Billerbuch "Der kleine Klecks" an um Jackson Pollock sengem Action Painting. Iwwerall hu mir Flecken entdeckt a bewonnert a sou eis eege Fleckelandschafte realiséiert.

DSC05784De Schoulhaff war eisen Atelier, an all Dag hu mir eng aner Technik ausprobéiert: mat den Hänn, mat de Féiss, mat engem Pinsel, deen un ee laange Bengel gestréckt ass, mat Plastiksfläschen, déi ee Lach am Stopp hunn, mat Sprëtzen, Schwämm, Rullen, Forschetten oder Spachtelen; am Stoen, am Goen, am Sëtzen, am Sprangen, am Danzen, eleng oder zu puer, op Pabeier, Tapéit oder Stoff... Flecke maache ka jiddereen, hei gëtt et kee Richteg oder Falsch a keen "ech kann dat net".

D'Kanner konnten hier Kreativitéit fräi entfalen, ouni déi üblech "schoulesch" Konventiounen: beim Dësch um Stull sëtzen, net iwwert de Strich molen, net krozelen, net sabbelen a sech net knaschteg maachen.
Mir hu mat Genoss geschmiert, gesprutzt, gedrëpst, getuppt a geschoss an d'Faarf an de Geste esou mam ganze Kierper erlieft.
D'Biller spigelen déi natierlech Spontanitéit vun de Kanner erëm, eng Eegeschaft, fir déi sou munchen Erwuessenen si bewonnert...

Anne Weis 
Dany Weiler
Martine Lambert

DSC06013

W3C
Licence CreativeCommons - Certains droits réservés