Banner
Kanner in the City

Thema 2012: Superhelden

Wéi all Joers organiséiert de CAPEL um leschte Weekend am Juli an Zesummenaarbecht mam Luxemburg City Tourist Office an am Kader vun der Aktioun Bambësch säin traditionnellt

Spillfest "Kanner in the City"

superheldenNieft den Animateuren an Animatricen vun der Aktioun Bambësch sin verschidden Spillbusser aus verschiddene Länner mat enger spezieller Offer bei eis ob Besuch.

Souvill wëlle mir verroden, dass dir während dësem Weekend an der Uewerstad eng Partie bekannten wéi och onbekannten Superhelden begéine wärt.

Zousätzlech zu engem groussen ofwiesslungsräichen Spillprogramm ass och nach di eng oder aner animativ Kamell verstoppt, déi dir selwer dëse Weekend entdecken, an iech vun hirem Charme verzaubere loossen kënnt.

Den Entrée ass natierlech fräi.

 

public cible tout public
dates 27 et 28 juillet
horaire 15h00 - 19h00
lieux zônes piétonnes de la Ville-Haute
W3C
Licence CreativeCommons - Certains droits réservés